Centre de gestion du personnel et de l'organisation de l'État - CGPO

Présentation

L’État luxembourgeois est un employeur de premier plan, entre autres grâce au travail de son équipe dédiées aux ressources humaines.

Ils sont de vrais professionnels du recrutement de talents et de l’organisation du travail : un univers en pleine mutation alors que les pratiques se digitalisent à vitesse grand V.

Faites comme Jeff, project manager au service recrutement, Mathilde, Data Scientist, ou Stéphanie, Communication officer, ainsi qu’Alisa, Consultante RH, et Torsten, Gestionnaire rémunération, ou encore Astrid, Gestionnaire de pensions, et devenez l’un de ceux qui s’assurent que le travail des agents du secteur étatique réponde aux plus hauts standards en la matière, notamment en termes d’équité et de diversité.

 

Présentation métiers - CGPO
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

CGPO - Centre de gestion du personnel et de l'organisation de l'État

Jeff GREIS – Project Manager, Division Recrutement et développement RH, Service Recrutement: Ech hat mat engem CDD ugefaangen, wou ech d’Méiglechkeet krut un interessante Projete matzewierken. Sou konnt ech d’Verwaltung an hier Mataarbechter och besser kenneléieren. Firwat an de Ressources humaines? Ma well et e Beruff ass dee vill Ofwiesslung bitt. Et ass een all Dag mat anere Leit a Kontakt, déi entweder eng Karriär beim Staat ustriewen, oder halt och scho beim Staat schaffen.

Stéphanie BUHIN – Communication officer, Service Communication: Eng vun de Rolle vum CGPO ass et fir d’Gestioun vun de Ressources humaines beim Staat ze moderniséieren, wat och – awer net nëmmen – iwwert d’Digitalisatioun geschitt. Mir ënnerstëtzen d’Ministèren an d’Verwaltungen zum Beispill bei hirer interner Organisatioun oder hiren Astellungsprozesser. Verschidden Aspekter wéi d’Paien, d’Pensiounen oder och nach d’Publikatioun vun den oppene Poste beim Staat lafen och iwwert eis. Generell wëlle mir de Staat als Employeur besser opstellen.

Alisa JANY  – Consultante RH, Division Recrutement et développement RH, Centre de compétences RH: Meine Rolle besteht darin, die Personalabteilungen der verschiedenen Ministerien und Verwaltungen zu unterstützen. Wir begleiten die Personaler darin, wie sie ihre Kandidaten nach fairen Kriterien auswählen, neue Mitarbeiter integrieren und auch deren Kompetenzen im Laufe ihrer Karriere weiterentwickeln können. Dazu geben wir zum Beispiel Trainings und führen Bewerbungsgespräche auf Basis von Persönlichkeits- und Motivationsfragebögen durch.

Torsten MATHIAS – Gestionnaire de rémunération, Division Rémunérations et carrières: Meng Equipe këmmert sech ëm d’Paie vun den Employéë beim Staat. D’Legislatioun iwwert d’Paien huet an de leschte Joren e puer Reforme gesinn, wat vill Ännerungen mat sech bruecht huet, wéi zum Beispill d’Reforme iwwert de Stage oder d’Opstellung vun eise Carrièren. Eisen Alldag gëtt also ni langweileg an den aktuelle System ass definitiv méi gerecht fir déi Leit déi elo bei de Staat schaffe kommen.

Astrid HENGELS – Gestionnaire de pensions, Division des pensions: Mäi Service këmmert sech ënnert aanerem ëm Leit déi nach schaffen an déi gäre wéissten, wéi hir Pensioun wäert ausgesinn. Dat heescht et muss ee schonn dee gewëssene pedagogeschen Touch hu fir déi komplizéiert Gesetzgebung erklären ze kënnen. Mir maachen dann nieft de ville Berechnungen och ganz vill Berodung, wou d’Leit wierklech frou driwwer sin, well se dacks zimlech verluer sinn an deem Beräich.

Alisa JANY: Beim Staat wird jeder gleich behandelt, was die Arbeit fairer macht. Hier merke ich auch, dass meine Tätigkeit wirklich sinnvoll ist, weil unsere Kunden ja die Bürger sind, und ich kann mich dadurch persönlich mit meiner Arbeit identifizieren.

Mathilde URBAIN – Data Scientist, Division Technologies de l’Information, méthodes et statistiques, Centre de compétence statistiques et prospectives: Ma mission est d’analyser les besoins de nos clients internes et externes - les ministères et administrations - en matière de données RH et de leur construire des tableaux de bord répondant à leurs besoins. L’objectif de nos travaux est de leur exposer et proposer une base factuelle d’information de qualité, synthétisée pour les soutenir et faciliter leur prise de décision. C’est d’ailleurs un bon exemple du rôle du CGPO qui a notamment pour ambition de formaliser et aussi de simplifier les processus dans les administrations, mais aussi entre les administrations et les citoyens.

Jeff GREIS: Engersäits rekrutéieren mir ënnert dem Statut vum Fonctionnaire. Dës Kandidaten mussen um Staatsexamen deelhuelen an en och packen éier se postuléieren kënnen. An anerersäits hunn mir d’Employéeën, déi ouni Staatsexamen rekrutéiert ginn. Mäi Service publizéiert all d’Offeren op GovJobs, kontrolléiert d’Kandidaturen, a këmmert sech och ëm d’Inscriptiounen an d’Organisatioun vum Staatsexamen. Mir sinn zum Schluss dann och do fir mat den Employéeën hire Kontrakt z’ënnerschreiwen, wat ëmmer ee schéine Moment ass!

Astrid HENGELS: Wat mir hei bei der Aarbecht besonnesch gefält, ass dass ee séier eng gewëssen Autonomie kréie kann, ouni dass stänneg een eis iwwert d’Schëller kucke kënnt wat mir maachen, oder op wat mir schaffen. Op déi Manéier kann ee méi geloosse schaffen.

Torsten MATHIAS: Et soll ee scho gutt a gäre mat anere Leit kommunizéieren. Eise Service ass ganz modern a connectéiert, allerdéngs bleift de mënschlechen Aspekt vun der Aarbecht am Mëttelpunkt. Et ass definitiv net de Staat deen ee virun 20 Joer vläicht eng Kéier kannt huet.

Stéphanie BUHIN: Ech hat wierklech Angscht ech géif mech beim Staat langweilen mä et ass de komplette Géigendeel. Mir schaffen op ganz ville Projeten déi alleguer ganz flott sinn, a mir léieren doduercher och ganz vill nei Leit kennen déi alleguer hëllefsbereet sinn.

Mathilde URBAIN: Quand j’ai rencontré mon équipe au CGPO, j’ai vite compris que ce n’est pas du tout l’image que l’on pouvait se faire de la Fonction publique, car j’avais devant moi des personnes très dynamiques et motivées à faire bouger les choses dans le bon sens.

LE GOUVERNEMENT DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG

Ministère de la Justice

GovJobs

Dernière mise à jour