Ministère de la Justice

Présentation

Être juriste dans la Fonction publique et travailler directement pour le Ministère, c’est laisser libre cours à sa passion pure du droit et des questions institutionnelles.

C’est aussi là qu’évoluent les juristes qui aiment se retrouver au cœur des enjeux internationaux. Rédaction de lois et de règlements et adaptation de directives européennes au droit luxembourgeois, par exemple, sont au cœur du travail de Laurent, Tara, Saskia et Hélène.

Qu’ils soient spécialistes de droit pénal, de droit pénitentiaire, de droit civil ou de droit commercial, ils ont un pied dans la pratique tout en restant des intellectuels du droit, qui ont un appétit pour la théorie et la recherche.

 

Présentation métiers - Ministère de la Justice
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Ministère de la Justice

Laurent THYES – Conseiller et coordinateur du Cabinet ministériel : Fir mech ass de Justizministère dee beschte Choix fir all Jurist, dee beim Staat wëll schaffen. Et kann ee soen, dass et déi ideal Plaz ass, fir Leit, déi vum Droit passionéiert sinn. Ech hunn zwee Joer laang als Affekot geschafft, mee well ech mech schon ëmmer fir Politik an Institutiounen intresséiert hunn, war de Schratt séier gewot, fir bei de Staat ze goen. Et ass e Choix, deen ech net bereien, well de Justizministère mir en Job ubitt, dee ganz villsäiteg ass an dee mer et erlaabt, souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland ze schaffen.

Tara DESORBAY – Attachée à la direction du droit pénal et pénitentiaire : Ech këmmere mech ëm Dossieren, déi ganz ënnerschiddlech sinn, déi souwuel national wéi international ausgeriicht sinn. Dozou gehéieren d'Schreiwe vu Gesetzer oder vu Reglementer, d’Adaptatioun vun europäeschen Direktive fir de lëtzebuergeschen Droit oder och nach international Konferenzen, bei deenen ee kann deelhuelen.

Saskia ROCHA – Attachée-stagiaire à la direction du droit civil : Virun engem Joer war ech nach Student an ech hunn d'Chance, schonn op gréisseren Dossiere kënnen ze schaffen. Natierlech kann ech ëmmer op d'Hëllef an d'Ënnerstëtzung vu menge Kolleegen zielen. Ech komme just aus der Uni eraus an ech si frou, wéi alles virugaangen ass, andeems ech ëmmer méi selbststänneg gi sinn. A mengem Liewen hunn ech ëmmer gären de Leit gehollef also war et nëmmen normal, dass ech dat och a mengem Job géif maachen!

Hélène MASSARD – Conseillère à la direction du droit commercial : Den akademesche Volet gefält mer wierklech a menger Aarbecht: d'Recherchë fir d'Projets de loi, esou wéi d’Reuniounen, bei deenen ech zu Bréissel an Aarbechtsgruppe vum Conseil deelhuelen. Duerch mäin Job konnt ech léieren, wéi déi europäesch Institutioune funktionéieren a gläichzäiteg och aktiv un Decisiounen um europäeschen Niveau deelhuelen. Déi international Säit an d'Reese gefale mer och ganz gutt. An zanter e puer Joer ginn ech och Coursen op der Uni Lëtzebuerg. Et war e Wonsch vu mir an de Ministère huet mech ënnerstëtzt, andeems ech meng Aarbechtszäit hei fir d'Coursë reduzéiere konnt.

Tara DESORBAY : Ee vun de grousse Virdeeler vun der Aarbecht beim Ministère ass déi villfälteg Säit, all Dag entdecke mer nei Elementer an et léiert een och ëmmer bäi, well d'Projeten immens variéiert sinn.

Laurent THYES : Wann ech haut verschidden Artikele vu Lëtzebuerger Gesetzer oder och vun europäeschen Direktive liesen, da weess ech dass ech dorop geschafft hunn, an dat gëtt mer e Gefill vu Satisfaktioun. Als fréiere Scout muss och soen, dass ech hei um Ministère verschidde Valeure vum Scoutismus erëmfannen, wéi zum Beispill den Interêt fir d'Allgemengheet, den Teamgeescht oder och, op déi aner Leit anzegoen.

Hélène MASSARD : De Staat huet mer d'Méiglechkeet ginn, méi theoretesch ze schaffen, woubäi ech am private Secteur Operatiounen an Transaktioune ganz séier hu missen duerchféieren. Et ass e richtege Pleséier, un der Verbesserung vun den Entreprisen hiren Alldag ze schaffen an alles ze maachen, fir hir Kompetitivitéit ze erhalen. Mir kucken natierlech och, dass eis Gesetzesprojete keen negativen Impakt op hir Aktivitéiten hunn.

Saskia ROCHA : Ech leeën immens vill Wäert op Dossieren, déi et de Bierger et erméiglechen, hiert Schicksal ze änneren, wann si hire Virnumm oder hiert Geschlecht wiessele wëllen. Ech sinn houfreg drop,an et läit mer wierklech um Häerz hinne bei deenen Demarchen ze hëllefen, hinnen ze hëllefen hiert Liewen ze änneren.

LE GOUVERNEMENT DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG

Ministère de la Justice

GovJobs

Dernière mise à jour