Service de renseignement de l’État

Présentation

Dans l’époque actuelle, les états-nations ne sont jamais à l’abri d’une attaque terroriste ou par arme de destruction massive, ou encore d’une cyberattaque ou d’un espionnage malveillant.

Le service de renseignement de l’État anticipe et prévient toutes ces menaces, pour garder le pays en sécurité.

Il embauche des employés discrets, qui ont à cœur le respect de la confidentialité, mais qui ont toutes sortes de profils. Si le travail des agents sur le terrain demeure important, les analystes informatiques occupent une place grandissante dans un monde où la sécurité des systèmes et des réseaux informatiques est cruciale.

Un domaine en constante évolution.

 

Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Service de renseignement de l’État

Cyber-Analyst

Persoun 1: Den SRE schützt d'national Sécherheet a mécht eng präventiv Aarbecht. Mir gi géint Terrorismus, Spionage, Extremismus a Massevernichtungswaffe vir. D'Cyber-Sécherheet spillt eng ëmmer méi grouss Roll. Mir mussen all dës Bedroungen antizipéieren.
Mir sichen an analyséiere geziilt Informatiounen, déi net jidderengem zougänglech sinn. Et ass wichteg, eis Quellen ze protegéieren. Verschidde Beamte schaffen dobaussen um Terrain, wann z. B. Observatioune gemaach ginn. Dës Moossname si streng gesetzlech gereegelt.

Persoun 2: Ech si säit 5 Joer Analyst am Cyber-Beräich. Virdrun hunn ech am Privatsecteur am Beräich „New Technologies“ geschafft. Ech hunn e Master an de Kommunikatiouns- an Informatiounstechnologien. All neie Member muss duerch eng Rekrutementsprozedur goen. Et muss een e psychologeschen Test maachen an et brauch een eng Habilitation de sécurité, well ee mat vertraulechen Informatioune schafft.
Ech hëllefen, d’Sécherheet vun de staatlechen IT-Systemer an Netzwierker ze verbesseren. Dat geschitt an Zesummenaarbecht mat anere staatlechen Instanzen. Mat Informatiounen an Analyse probéieren ech erauszefannen, wou eng Attack hierkënnt. Fir Cyber-Attacken an Zukunft ze bekämpfen, musse mir d’Gefore besser verstoen. Ech maache meng Aarbecht gär, well ech zu der Sécherheet vum Land bäidroen.
Mir schaffe mat ville Partner zu Lëtzebuerg an am Ausland zesummen. Esou kann ech mäi Wëssen erweideren a mech mat aneren austauschen. Meng Aarbecht ass ofwiesslungsräich a spannend. Ech schaffe mat modernster Technologie. Et ass e Beräich, dee sech permanent verännert. Ech kann u ganz spezifesche Formatiounen a Konferenzen hei an am Ausland deelhuelen.
Den Ekippegeescht ass ganz wichteg bei eis. Et muss een oppe fir Neits sinn. D’Geforen ännere sech permanent an et muss ee sech ëmmer neien Erausfuerderunge stellen.
Diskretioun ass och wichteg. Mir schaffe mat geheimen Informatiounen, déi duerch d’Gesetz geschützt sinn. Et dierf ee mat kengem iwwert seng Aarbecht schwätzen.
Ech si stolz, mech fir d’Sécherheet vum Land anzesetzen. Et ass eng spannend, ofwiesslungsräich an erausfuerderend Aufgab.

GovJobs
Service de renseignement de l’État

Dernière mise à jour