Administration de l'environnement

Présentation  

L'Administration de l'environnement est au service de la société afin d'assurer un niveau élevé de protection de l'environnement et de qualité de vie de l'homme dans son milieu.

Nous fournissons une aide à la décision politique et veillons à l'application de la législation environnementale. Nous encadrons les activités humaines ayant un impact sur l'environnement, effectuons des surveillances et évaluons l'état de l'environnement. Nous assurons la promotion des pratiques écologiques et incitons à l'innovation en matière environnementale.

 

D'Ëmweltverwaltung - Am Déngscht vu Mënsch an Ëmwelt
Transcription textuelle de la vidéo
D'Ëmweltverwaltung  

D'Ëmweltverwaltung steet am Déngscht vun der Gesellschaft fir en héijen Niveau un Ëmweltschutz a Liewensqualitéit vum Mënsch a sengem Ëmfeld sécher ze stellen.
 

Politesch Entscheedungsprozesser a Gesetzgebungen am Ëmweltberäich sti kloer am Fokus. Mee och begleet a kontrolléiert d’Ëmweltverwaltung mënschlech Aktivitéiten déi een Impakt op eis Ëmwelt kéinten hunn. Sie ënnerstëtzt ökologescht Handelen an ëmwelttechnesch Neierungen.
 

Zesumme mat der Naturverwaltung an der Waasserverwaltung ass d‘Ëmweltverwaltung zoustänneg fir d’Ëmsetzung vun der Ëmweltpolitik vun der Lëtzebuerger Regierung.

 

D’Aarbecht vun der Ëmweltverwaltung besteet aus

  • dem Orientéiere vu politeschen Entscheedungsprozesser,
  • dem Ëmsetze vu Gesetzgebungen am Ëmweltberäich,
  • an dem Ënnerstëtze vum ökologeschem Handelen an ëmwelttechneschen Neierungen.

A reegelméissegen Ofstänn ginn um Marché erhältlech chemesch Substanze kontrolléiert. An engem Labo ginn des Produiten analyséiert. Et gëtt gekuckt, dass Limitte vu schiedleche Stoffer net iwwerschratt ginn, an ob de Produit esou reagéiert wéi e soll ouni dobäi der Ëmwelt oder der mënschlecher Gesondheet ze schueden. Dorënner falen z.B. alldeeglech Produite wei Desinfizéiermëttel oder Insekteschutzmëttel, awer och Substanzen déi just am professionelle Beräich dierfen agesat ginn: Konservéierungsmëttel, Holzschutzmëttel oder Fungizider...
 

D’Ëmweltverwaltung schafft d’Betribsgeneemegunge fir d’Industrie aus. De sougenannte Kommodo leet Konditioune fest ënnert deenen en klassifizéierte Betrib fonctionéiere muss. Zesumme mat der ITM an de Gemengen suergt d'AEV fir d’Garantéiere vun der Liewensqualitéit, dem Schutz vun der Ëmwelt an d’Favoriséiere vun der nohalteger Entwécklung vu Betriber.

 

Eis Kontrollunitéit iwwerwaacht ob déi jeeweileg Betriber hir Ëmweltoplagen erfëllen, a begleet Sie an hirer Entwécklung fir ëmmer nees sécher ze stellen, dass si konform zur Gesetzeslag am Ëmweltberäich sinn. Als Kontaktstell fir Plainten, muss d'Verwaltung och heiansto berouegen, tëschent de Betriber an de Bierger vermëttelen a Mëssverständnesser oder Konflikter hëllefen aus dem Wee ze raumen.

 

Des weideren schützt d’Ëmweltverwaltung d’Gesondheet an d’Liewensqualitéit andeems si ënnert anerem Loftmiessungen op eegene Moossstatiounen iwwerwaacht. Landeswäit gi Loftparameter analyséiert an Date gesammelt, déi an engem Labo ausgewäert ginn. Des Resultater ginn op verschiddene Kanäl publizéiert.

 

Duerch d'Entwéckele vu Konzepter a Strategien, gëtt op eng nohalteg an dauerhaft ëmweltgerecht Entwécklung zu Lëtzebuerg an an der europäescher Unioun higeschafft. Dobäi sinn et haaptsächlech d’Themeberäicher, Buedemschutz, Kaméidi, Loftqualitéit an -emissiounen, chemesch Produiten a Substanzen, Commodo, Offallgestioun a Klimaschutz mat deenen sech d’Experten am Detail beschäftege fir Gesetzesprojeten hëllefen auszeschaffen. 

 

Qualifizéiert Personal, zesummegesat aus Wëssenschaftler, Ingenieuren a Juristen, traitéiert d’Ufroen, preparéiert Autorisatiounen an iwwerwaacht ob d’Gesetzer um Terrain agehale ginn.

 

D’Ëmweltverwaltung fördert ökologescht Handele vum Bierger mat enger Rei vun Ureizer a Subsiden. D‘Emweltverwaltung verwalt ënnert anerem di ökologesch Zertifizéierungen EMAS an Ecolabel fir Servicer a Produiten. Des Weideren ginn och d’Dossiere vu Subside fir ökologescht Bauen, Vëlo an Elektromobilitéit traitéiert an evaluéiert.

Ausserdeem, bitt d’Verwaltung reegelméisseg Formatioune mat Themen an Technologien aus dem Ëmweltberäich un.

 

Eng weider wichteg Aufgab besteet doran d’Bierger zu Ëmwelttheme wéi beispillsweis zum Thema Littering oder dat richtegt Trenne vun Offall, chemesch Substanzen, oder och d’Loftqualitéit z’informéieren an ze sensibiliséiere via Print- oder sozial Medien, Plakater, oder Informatiounsveranstaltungen.

 

Kommunikatioun a Kontakt mam Bierger gëtt iwwert sozial Netzwierker a verschidden Internetsäite mat reegelméissegen Artikelen a Videoe séchergestallt.  

 

D’Ëmweltverwaltung ass e Partner an e Beroder fir d’Bierger, d’Betriber an d’Regierung a këmmert sech em d’Orientéierung an d‘Ëmsetzung vun den Ëmweltgesetzgebungen - ganz an den Déngscht vu Mënsch an Ëmwelt.

 

LE GOUVERNEMENT DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG

Ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable

Administration de l'environnement

 

Dernière mise à jour