Administration de la navigation aérienne

Présentation

L'Administration de la navigation aérienne (ANA), placée sous l'autorité du ministère de la Mobilité et des Travaux publics, est le prestataire de service de la navigation aérienne du Luxembourg.

La mission de l'ANA est d'assurer un flux de trafic aérien et terrestre, sûr, efficient, continu et respectueux de l'environnement, soutenu par une technologie moderne, des informations aéronautiques efficaces et un personnel compétent.

La mission principale de l'ANA est définie dans la loi luxembourgeoise du 1er août 2018 et stipule les exigences de l'ANA en tant que prestataire de services de gestion du trafic aérien dans son intégralité, de prestataire de services de la circulation aérienne, de gestion des flux et de la capacité de la circulation aérienne, de gestion de l'espace aérien et de contrôle de la circulation aérienne dans l'espace aérien terminal, sur l'aéroport et dans certaines parties de l'espace aérien régional. La mission de l'ANA comprend les services techniques et aéronautiques, les services d'aérodrome et électrotechniques sur l'aire de manœuvre et au-delà. Cette mission s'applique à tous les domaines et départements de services et reste valable dans un avenir prévisible.

En outre, la loi luxembourgeoise modifiée du 21 décembre 2007 stipule comme mission supplémentaire l'exigence de l'ANA en tant que fournisseur de services météorologiques nationaux, y compris les alertes météorologiques pour le public et la gestion des données climatiques.

 

Présentation métiers : Administration de la navigation aérienne
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Administration de la navigation aérienne
 

Philip MORGAN - Air Traffic Controller  Approach: De Fluchlots ass net dee mat de Pingpong-Schléier, deen de Fliger op de Parking erawénkt.
Jackie HANSEN - Air Traffic Controller Tower: Ech si Fluchlots am Tuerm um Fluchhafe Lëtzebuerg.

Philip MORGAN: Ech schaffe säit 14 Joer hei als Approche-Kontroller. Den Approche-Kontroller ass zoustänneg fir all d’Fligeren, déi hei landen a fortfléien – tëschent Frankfurt, Bréissel a Paräis am ënneschte Loftberäich bis op 16.500 Fouss. Mir garantéieren de séchere Flux vum Trafic. Et ginn 3 Prioritéiten: déi 1. ass sécher, déi 2. effikass an déi 3. uerdentlech.

Jackie HANSEN: Ech këmmere mech ëm all d’Fligeren um Fluchhafen. Sief dat d’Arrivéeën oder d’Departen. Ech kann dem Fliger d’Erlabnis ginn, fir fortzefléien. Mat den Arrivéeën ass et d’selwecht. Déi bréngt d’Approche eis bis zum Schluss vun der Pist. Wann d’Pist fräi ass, kann ech dem Fliger d'Erlabnis ginn fir ze landen.

Jackie HANSEN: Mir schaffen a 4 Schichten insgesamt.

Philip MORGAN: Fréischicht, Dagschicht, Spéitschicht an Nuetsschicht.

Jackie HANSEN: Mir sinn ëmmer zu zwee. D’Schichten iwwerschneiden sech e bëssen. Mir däerfe maximal 2,5 Stonnen op der Positioun schaffen, d. h. d'Fligere lotsen. Duerno musse mer eng Paus maachen.

Philip MORGAN: De Kontroller ass och dofir responsabel, dass ee genuch geschlof huet. Schichten hunn de Virdeel, dass ee flexibel am Privatliewen ass. Wann ee Kanner huet, ass et flott, Schichten ze schaffen.
Et gëtt keen typesche Parcours fir de Kontroller. Mir kommen aus alle Liewenslagen. Beim Staat mécht een eng klassesch Bewerbung. Et gëtt gekuckt, ob een administrativ qualifizéiert ass, fir ze postuléieren. Huet een déi 1. Etapp gepackt, da gëtt ee fir de FIS-Test invitéiert. Hei gëtt gekuckt, wéi schnell ee reagéiert a wéi gutt ee mat Stress ëmgeet.

Jackie HANSEN: Et muss een Englesch kënnen. Et muss een e gutt räumlecht Virstellungs-verméigen hunn. Duerno geet een 1 bis 1,5 Joer an d’Ausland an nees zréck op d’Schoul.

Philip MORGAN: Et ass flott, dass ee vun Ufank un e Salaire kritt. Et gëtt ee bezuelt, fir déi Ausbildung ze maachen. Do kritt ee wierklech alles bäibruecht. Et muss een net vill Virwëssen hunn. Duerno fänkt een u mat de Simulatiounen.

Jackie HANSEN: Wann een all d'Exame gepackt huet, da kënnt een zréck op Lëtzebuerg. Hei sinn et dann nach 1 bis 1,5 Joer. Dat heescht „On-the-job-Training“.

Philip MORGAN: Et schafft een um richtege Schierm am Live-Trafic mat engem Coach zesummen, deen ëmmer niewent engem sëtzt an och d’Verantwortung huet. Et léiert een, mam richtegen Trafic an den eenzele Situatiounen ëmzegoen, déi sech net ëmmer an engem Simulator simuléiere loossen.

Jackie HANSEN: E gudde Fluchlots muss flexibel sinn. Et huet een ee Plang, mä dee funktionéiert net ëmmer. Heiansdo flitt e Fliger méi séier oder méi lues. Oder e muss duerchstarten, well en e Problem huet. An deem Fall muss de Plang geännert ginn.

Philip MORGAN: Et muss een ënner Stress funktionéieren a méi Saache matenee maache kënnen. Et muss ee Verantwortung iwwerhuelen an och weider funktionéieren, wann eppes schif geet.

Jackie HANSEN: Et ass eng grouss Verantwortung – virun allem, wa Situatioune méi brenzeleg sinn. Dat geschitt an der Fluchsécherung. Dat muss een ofhake kënnen an einfach weiderschaffen. Mat enger gewësser Erfarung kann een de Stress besser verschaffen. Ech sinn elo Fluchlots a bereien et keng Sekonn, dat gemaach ze hunn.

 

Villsäiteg Aufgaben

En dynamescht Ëmfeld

Eng spannend Erausfuerderung

 

GovJobs

Administration de la navigation aérienne

Gilles - Air Traffic Services Reporting Officer
Joris - Forecaster and weather observer
Gilles & Jackie - Air traffic controllers

Dernière mise à jour