Administration des ponts et chaussées

Présentation

Patrick est électricien. Il est en charge de réparer les éclairages publics dans le sud du pays : un travail le menant chaque jour sur les routes, pour son plus grand bonheur.

Christian est responsable du service jardinage et assure l'entretien des terrains de l’État.

Pit est mécanicien. Tous les véhicules utilisés par la Fonction publique passent d’abord par ses mains expertes, et il développe de plus en plus de connaissances reliées aux voitures électriques.

Ces artisans compétents et passionnés ne quitteraient pour rien au monde leur emploi au sein d’un service qui leur offre de la flexibilité, des horaires mobiles, des possibilités de formation et d’avancement.

 

Administration des bâtiments publics / Administration des ponts et chaussées - Artisanat dans la Fonction publique
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Administration des bâtiments publics / Administration des ponts et chaussées

Patrick THEIS – Employé artisan (C1) / Électricien: Mir gefält mer, dass ech Responsabilitéit hunn a meng Aarbecht selwer gestalte kann. Et kann ee mat schéine Gefierer schaffen oder fueren.

Christian STOOS – Artisan dirigeant (D1) / Responsable service jardinage: D'Gäertner fueren op de Chantier a maachen den Entretien vun den Anlagen. Mir maachen awer och Neigestaltungen, schneide Beem, rappen Onkraut oder méien de Wuess.

Patrick KLEIN – Artisan dirigeant (D1) / Électricien: Ech markéieren eis Reseauen am Buedem.

Patrick THEIS: Ech sinn zoustänneg fir d'ëffentlech Luuchten am Süde vum Land. Dat nennt een d’Revisioun. Mir fueren iwwert d’Staatsstroossen a flécken d’Luuchten, wa se futti sinn.

Pit RECKINGER – Artisan stagiaire (D1) / Mécanicien: Mir maache Revisiounen, kucken d'Bremsen, wiesselen d'Pneuen a maachen den Entretien. Dat ass den normalen Alldag. Mir preparéieren d’Gefierer fir op d’Kontrollstatioun.

Patrick KLEIN: Et fält och Bürosaarbecht un. Ech kann decidéieren, wat ech am Dag maachen. Meng Aarbecht muss just gemaach sinn.

Patrick THEIS: Mir hunn Horaire mobile d.h. mir kënnen ab 6:30 Auer ufänken. Paus machen mir um 12:00 Auer, a schaffen rem vun 13:00 Auer bis 16:30 Auer oder 17:00 Auer. Mir mussen 8 Stonnen den Dag schaffen. Wann ee méi spéit kënnt, da muss ee méi laang schaffen. Dat ass awer ganz praktesch.

Christian STOOS: Ech hu meng Gäertnerléier beim Staat gemaach. Dat huet mir gutt gefall an ech si beim Staat bliwwen.

Patrick KLEIN: Haut mécht een en Examen. Wann een e packt, dann ass e 5 Joer gutt. Ass eng Plaz op, da mécht een eng Demande an et waart een drop, dass ee convoquéiert gëtt.

Pit RECKINGER: Duerch d’Arméi krut ech 1 Joer Stage unerkannt. Nom Stage hunn ech en Astellungsexamen. Wann ech dee packen, sinn ech fest agestallt.

Christian STOOS: Bei eis ass een an der Artisan-Carrière an da gëtt et ee Promotiounsexamen. Doduerch klëmmt een an der Carrière. Et kritt een en anere Grad a méi an der Pai. Mat Chance kann een duerno iwwert seng Ekipp responsabel sinn.

Pit RECKINGER: Bei Ponts & Chaussées gefale mir d’Flexibilitéit an d’Ekipp. Et ass interessant, well mir vill verschidde Marken a Gefierer hunn. Et ass ni langweileg.

Christian STOOS: E gudde Gäertner beim Staat muss säin Handwierk kënnen.

Patrick THEIS: Et muss een oppe sinn, well mir hu vill mat de Leit dobaussen ze dinn. Et muss ee seng Rou behalen.

Pit RECKINGER: Et muss ee motivéiert sinn an nei Saache wëlle léieren. Ech ginn heiansdo an intern Schoulunge vu Ponts & Chaussées. Wa mer nei Modeller kréien, da gi mer och bei d’Autosmarken. Beim Staat ginn et ëmmer méi Elektroautoen. Et muss ee sech weiderbilden.

Patrick KLEIN: Wann ee sech beweist an interesséiert ass, kann ee verschidden Tâchen méi oder manner kréien. Vum Staat kritt een Ënnerstëtzung, fir sech weiderzebilden. Et hält een net op. Ech sinn am 18. Joer a maachen nach ëmmer reegelméisseg Formatiounen. D’Leit sollen sech einfach trauen, den Examen ze maachen. All Mënsch kann deen Exame maachen, wann eng Plaz opsteet. Den Alter ass egal. Och wann een eng Zäit am Beruf net geschafft huet: D’Diere stinn op an et gëtt ee beim Staat begleet, fir de Staatsexamen ze packen. Do ass kee Problem.

Villsäiteg Aufgaben
Eng spannend Erausfuerderung
En dynamescht Ëmfeld

GovJobs
Administration des bâtiments publics
Administration des ponts et chaussées

Présentation

Les architectes et ingénieurs qui aiment avoir une vision la plus globale possible sur les projets d’infrastructure et qui savent porter leur attention sur plusieurs projets à la fois sont comme des poissons dans l’eau à l’Administration des ponts et chaussés et des bâtiments publics.

C’est le cas de Kevin, chargé de gestion en génie civil, de Romain, chargé de gestion ingénierie, et d’Annick, chargée d’études en génie civil, dont le travail jamais ennuyant se partage entre le bureau et les chantiers.

Études de faisabilité, coordination des travaux, planification des chantiers en collaboration avec des bureaux d’architectes sont au menu de leurs journées. Inventifs, ils trouvent toujours des solutions aux problèmes.

 

 

Administration des bâtiments publics / Administration des ponts et chaussées - Architecte et Ingénieur
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Administration des bâtiments publics / Administration des ponts et chaussées

Architecte / Ingénieur

Kevin SCHMITZ – Chargé de gestion (A2) / Bachelor en génie civil: Mäin Job ass net langweileg. All Dag ginn et nei Challengen – um Bau an um Büro. All Projet ass anescht.

Annick BECKER – Chargée d’études (A1) / Master en génie civil: Ponts & Chaussées ass eng technesch Verwaltung. Als Bauingenieur huet een de Choix tëschent Ponts & Chaussées a Bâtiments publics. Mir gefält, dass een als Responsabelen u groussen Infrastrukturprojete matbedeelegt ass.

Romain STEFFEN – Chargé de gestion (A2) / Bachelor en Ingénierie: Mir mussen ofklären, wat dobausse gebraucht gëtt. Zesumme mat externe Büroen, Architekten an Ingenieure plange mir e Projet, dee mir vum Pabeier an d’Realitéit ëmsetzen.

Oliver HAMES – Chargé d’études (A1) / Architecte: Mir maache Machbarkeetsstudien. Mir kucken, wéi eppes baulech ëmgesat ka ginn. Et gi jo meeschtens scho regional Demanden. Duerno ginn Architekten an e Bureau d’études beoptraagt, déi de Projet mat eis zesummen ausschaffen. Mir begleeden e Projet wärend de verschiddene Phasen an enker Collaboratioun mat den Notzer, déi beim Definéiere vun de Besoine matabezu ginn.

Michèle DAUPHIN – Chargée d’études (A1) / Architecte: E gudden Architekt schafft an engem gudden Ëmfeld a ka sech an anerer eraversetzen. Et muss een de Ministèren a Verwaltungen hir Besoinen u Gebaier bestëmmen. Et muss ee koordinéiere kënnen. D'Gebai muss funktionell sinn. Et muss ee mat den eenzele Büroe gutt eens ginn an dat Bescht aus jidderengem eraushuelen.

Kevin SCHMITZ: Et schafft een am Team: E Chantier, deen een zesumme féiert, oder Problemer, déi een zesumme léisst. Et ass een net eleng op sech gestallt. D'Erfarung vun de Kolleegen hëlleft vill.

Michèle DAUPHIN: Den Alldag ass ganz villfälteg, z. B. Bürosaarbecht a Reuniounen op de Chantieren. Et muss ee vill Formalitéiten erleedegen, Bréiwer schreiwen a Programmer zesummesichen. Et muss een déi eenzel Büroe koordinéieren, well si schaffen u verschidde Projeten a Gebaier.

Oliver HAMES: Et ass interessant, dass ee méi Projete gläichzäiteg huet. Ech traitéieren am Moment 5-6 Projeten, déi a verschiddene Phase sinn. Déi eng sinn am Ufank, anerer an der Etüd, am Chantier oder an der Receptioun. Et huet ee mat vill verschiddene Projeten ze dinn. An engem Büro mécht ee meeschtens ee Projet an et muss ee méi an den Detail goen. Hei ass et méi ofwiesslungsräich.

Romain STEFFEN: Et ass wichteg, dass ee gutt organiséiert ass. Et muss ee gär no Léisunge sichen a bei engem Problem net direkt opginn. Et gëtt kee Chantier ouni Problemer.

Annick BECKER: Bei Ponts & Chaussées muss een oppe sinn. Et ass net d'Bild vum typesche Staatsbeamten, dat d'Leit heiansdo hunn. Et ass ee vill dobaussen. Et schafft een um Terrain an et hält een ni op mat Léieren. D’Realitéit dobaussen ass anescht wéi dat, wat een op der Uni gesäit.

Villsäiteg Aufgaben
Eng spannend Erausfuerderung
En dynamescht Ëmfeld

GovJobs
Administration des bâtiments publics
Administration des ponts et chaussées

Dernière mise à jour