Corps grand-ducal d'incendie et de secours - CGDIS

Présentation

Jean-Luc, Li, Malvina, Linda, et Christophe peuvent se vanter de sauver des vies au quotidien dans le cadre de leur travail.Ils sont pompiers et pompières, opératrice à la centrale des secours d’urgence, secrétaire de direction et officier préventionniste.

Qu’ils soient sur le terrain, à conduire le camion, à grimper sur l’échelle, ou encore au bureau à occuper des tâches administratives ou téléphoniques, ils savent travailler avec le sentiment d’urgence tout en gardant leur sang-froid et leur calme.

Pas une journée ne se ressemble. Quand un citoyen appelle le 112, il peut compter sur leur professionnalisme et leur grande humanité.

 

Présentation métiers - CGDIS (2021)
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours

Jean-Luc RIND – Chef de Centre, CIS Sanem-Differdange: Ech hu laang virun der Kreatioun vum CGDIS als fräiwëllege Pompjee geschafft mat engem aneren Job nach niewebäi. 2011 hunn ech dunn ugefaangen als berufflechen Pompjee ze schaffen. Duerch d’Schafe vum neie CGDIS, gouf dann hei 2019 en neie Poste mat méi Responsabilitéit erstallt. Ech hunn mech dunn entscheet mech der Selektioun ze stellen an schaffen elo als Chef vum CIS Suessem-Déifferdeng. All Interventioun wou mer mat de Kolleegen rausfueren ass eng nei Erausfuerderung a bréngt mer zanterhier immens vill Satisfaktioun.

Malvina MAGI – Opératrice des Secours d’Urgence - 112: Ech war scho méi laang als fräiwëllegen Ambulancier aktiv, an et kann ee soen dass ech mäin Hobby zum Beruff gemaach hunn. Wéi dee Posten disponibel gouf, hunn ech mech direkt gemellt. Ech sinn du geholl ginn, wat fir mech natierlech eng grouss Freed war.

Linda BECKER – Secrétaire de direction: Ech schaffe bei der Administratioun vum CGDIS zanter 2016. Ech war wierklech motivéiert fir heihinner schaffen ze kommen, well ech een immense Respekt fir all déi Leit hunn, déi hei schaffen an déi all Dag de Leit dobaussen hëllefen.

Li MERGEN – Pompier professionnel stagiaire: Ech hunn schonn ëmmer gären de Leit gehollef wann eppes geschitt ass, also war et fir mech och normal dass ech mech beim CGDIS géif engagéieren. Jiddereen kritt hei am Ufank dat Nämmlecht ugebueden: no verschidden Examen kënnt een dann an e Stage deen 2 Joer dauert. Dat éischt Joer sinn et méi Formatiounen, dat 2. Joer ass ee méi um Terrain. Et huet een d’Méiglechkeet déi zwou Säite vum Beruff ze léieren: Ambulancier a Pompjee.

Christophe THEIß – Officier-prévisionniste: All Dag ass aneschters well mer permanent op all Niveau mat ënnerschiddleche Situatiounen a Kontakt kommen. Duerch d’Pompjéeën hunn ech och wierklech flott Leit a Frënn fir d’Liewe kennegeléiert.

Jean-Luc RIND: D'Reform vun den Rettungsdéngschter an d'Schafe vum CGDIS hunn et erméiglecht d’Rettungsketten ze strukturéieren an ze verbesseren. Jidderee muss wëssen wien wat mécht, wie mam Camion fiert, wien d’Leeder eropklëmmt... mä all Kéiers ass et natierlech eng aner Erausfuerderung well kee Feier ass wéi dat Anert, an och all Accident ass anescht, et muss een ëmmer bereet bleiwen!

Malvina MAGI: Ech hu mech ëmmer gefrot wéi den 112 funktionnéiert, déi Nummer déi d’Leit uruffen wa se Hëllef brauchen. Ech war super intresséiert, an no e puer Joren um Terrain krut ech d’Gelëenheet bei dee Service ze goen, wat ech och gemaach hunn an deen neien Challenge akzeptéiert hunn.

Christophe THEIß: Och wa mäi Studium keen direkten Lien mat de Pompjeeën huet, sinn ech awer immens frou dee Wee gaangen ze sinn. Ech schaffen an der Präventioun, dat heescht ech kucken ob Gebaier richteg géint Feier équipéiert sinn wa se gebaut ginn, oder wéi een Dispositiv muss organiséiert ginn bei Manifestatiounen wou méi Leit zesummekommen. Esou probéiere mer dann Accidenter ze évitéieren an och d’Interventioun vun de Pomjéeën virzebereeden an ze vereinfachen falls et zu engem Asaz kommen sollt.

Linda BECKER: Et ass keng langweileg Bürosaarbecht wéi een sech dat kéint virstellen, et geschéie ganz vill Saachen déi heiansdo ganz spontan sinn. All Dag ass aneschters. Et kann een sech ouni Problem hei weiderentwéckelen an ech ka mer ganz gutt virstellen nach zimlech laang hei ze bleiwen. Och hei um Büro ass den Team-Spirit extrem wichteg well mir eis permanent ënnerteneen hëllefen.

Malvina MAGI: Egal ob um Terrain oder um Telefon ass et schonn eng spannend Aarbecht. Um 112, muss et am Kapp séier goen, fir déi néideg Informatiounen ze kréien an déi passend Froen ze stellen, ouni dobäi ze panikéieren. Heiansdo musse mer der Persoun um Telefon eng Prozedur erklären, zum Beispill wéi een ee Patient reaniméiert, bis d’Ambulanz do ass.

Li MERGEN: Et ass schonn net schlecht wann een eng gewëss Ausdauer huet fir als Pompjee ze schaffen, fir d’Material ze droen oder fir séier ze lafen am Noutfall, mä dat kann een ouni Problem nohuelen. Hei maache mer keen Ënnerscheed tëscht Meedercher a Jongen well mer alleguer zesumme schaffen. Et gëtt ee wärend dem Stage och forméiert fir mental staark ze sinn, wat enorm wichteg ass wann et dorëms geet Liewen ze retten.

CORPS GRAND-DUCAL D'INCENDIE ET DE SECOURS

GovJobs

Dernière mise à jour