Police Lëtzebuerg

Présentation

Le travail de la police luxembourgeoise se déploie dans une surprenante diversité.

Qu’on les trouve en ville à vélo ou en voiture, dans le bureau où se dénouent les enquêtes, ou dans le laboratoire scientifique où sont analysées les preuves, les équipes du service de police mènent des carrières variées.

Il se mettent au service de la protection du citoyen, faisant tout pour prévenir les délits et secourir les personnes en détresse. Dépassant souvent leurs limites physiques et psychologiques dans un métier difficile, ils gardent le sourire parce qu’ils savent que leurs responsabilités sont importantes pour le vivre-ensemble, et qu’elles rendent le monde un peu meilleur.

Chaque jour est un nouveau défi.

 

Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Police Lëtzebuerg

Persoun 1: Fir de perséinlechen Challenge.
Persoun 2: Fir d'Ofwiesslung am Alldag.
Persoun 3: Fir de Leit ze hëllefen an d'Welt e Stéck besser ze maachen.
Persoun 4: Fir mäin Deel zur Sécherheet bäizedroen.
Persoun 5: Fir dat Verstoppte siichtbar ze maachen.
Persoun 6: Fir de Leit am Alldag ze hëllefen.

Persoun 1: D'Police suergt fir d'Sécherheet vun all de Leit am Land. D'Police hëlt präventiv Mesuren, verhënnert Strofdoten an hëlleft Leit an Nout. A munche Situatioune muss een awer och repressiv virgoen.
Persoun 4: Mir mussen ëmmer fir de Bierger disponibel sinn. Mir sinn do a lauschteren no. D'Police ass ëmmer prett, fir de Leit ze hëllefen. Dat ass e gutt Gefill.

Persoun 3: Bei der Police ginn et vill Méiglechkeeten, fir seng Carrière ze gestalten. Ech kann a ville verschiddene Beräicher schaffen.
Persoun 5: D'Police huet vill zivil Mataarbechter. Si sinn zum Deel héich spezialiséiert a kommen an ënnerschiddleche Beräicher zum Asaz. Et gi vill Beruffer a Carrièren, soudass fir jiddereen eppes dobäi ass.

Persoun 2: Et ass ni langweileg. All Dag eng nei Erausfuerderung. D'Aarbecht ass net ëmmer einfach. Et geet een oft u seng kierperlech a psychologesch Limitten. Den Challenge an d'Ofwiesslung maachen d'Aarbecht awer interessant.
Persoun 6: Den Teamgeescht gëtt groussgeschriwwen. An Noutsituatiounen ass dat liewenswichteg. Ënner Kolleegen hält een zesummen.

Persoun 7: Polizist ass keen Job wéi en aneren. Mir sti matten an der Gesellschaft an hunn eng grouss Verantwortung fir d'Bierger. Et ass e perséinlechen Challenge. Mir hëllefen de Leit a suerge fir d'Sécherheet am Land.

Zesumme fir Iech
Police Lëtzebuerg

Dernière mise à jour