ADEM - Agence pour le développement de l’emploi

Présentation

Soutenir les personnes à la recherche d’un emploi et les aider à intégrer le marché du travail, voilà qui semble essentiel, non ?

C’est que ce font tous les jours Yves, Elisabeth, Pascal, Clémentine et Amelia, qui occupent diverses fonctions à l’ADEM. Leur sensibilité aux réalités des personnes aux situations parfois compliquées les guide dans ce travail profondément empathique. Ils font le pont entre les meilleurs employeurs du pays et des centaines d’employés qui ont beaucoup à offrir.

Et ça, c’est précieux.

 

Présentation métiers - ADEM
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

ADEM – Agence pour le développement de l’emploi

Yves GOERGEN – Chef adjoint de l’agence de Wasserbillig et conseiller pour les demandeurs d‘emploi : Ech schaffen zanter zéng Joer bei der ADEM, d’Aarbechtsamt zu Lëtzebuerg. Virdrun hunn ech 18 Joer am Personalbüro vun enger privater Firma geschafft, wou ech Leit agestallt awer och entlooss hunn. Ech wollt wierklech eppes Anescht maachen an de Bierger hëllefen, déi et wierklech néideg hunn. Dofir hunn ech mech hei gemellt.

Elisabeth CORREIRA DE SOUSA – Chef de Service adjoint Contact Center : Ech schaffe säit aacht Joer am Contact Center ADEM an ech si säit dräi Joer Chef-Adjoint vum Contact Center ADEM. De Contact Center ass den éischten Kontakt mam Client, dat heescht, mir sinn do, fir kënnen den Employeure wéi och den Demandeuren ze hëllefen, wa si Froen iwwer Servicer vun der ADEM hunn. 2019 mat enger Ekipp, déi forméiert ginn ass, fir kënnen d’Froen ze beäntweren, hu mir 190.000 Appellen traitéiert.

Pascal DEGUELDRE – Chef de Service IT : Je suis responsable du service IT et avec mon équipe, nous mettons en place les technologies les plus poussées pour que les demandeurs d’emploi puissent effectuer toutes les démarches depuis chez eux. Je travaille sur beaucoup de projets, et je dois dire que l’ambiance est excellente, la communication est optimale entre les collègues, ce qui augmente évidemment notre efficacité.

Clémentine VERSCHOORE – Process application manager au sein du Service salariés handicapés et reclassement professionnel : Mon rôle est d’aider le service « Handicap et reclassement professionnel » à améliorer et optimiser ses processus et ses outils afin de faciliter le travail des agents et leur permettre d’assurer un meilleur suivi et accompagnement des personnes dans les procédures du reclassement professionnel ou du salarié handicapé. Dans mon quotidien, j’aime aider les gens. C’est pareil au travail. Je sais que mon travail est utile, et c’est gratifiant de voir qu’au bout de plusieurs semaines ou mois, le travail que je fais a un réel impact sur le quotidien des collègues et des clients.

Amélia ADROVIC – Gestionnaire des initiatives sociales auprès du Service employeur : Eis Aarbecht ass immens mënschlech. Ech schaffe mat defavoriséierte Leit, déi keen Zougang direkt op den éischten Aarbechtsmarché hunn. Een Dag krute mir souguer en Dossier vun engem Mann, deen eleng gelieft huet, ouni Famill, wou sech scho laang net méi gewäsch hat an et huet een och gemierkt, seng Kleeder ware knaschteg an déi Persoun krute mer no laange Formatiounen an engem reegelméissege Suivi um éischten Aarbechtsmarché mat engem CDI! Keen hat dat geduecht. An et ass einfach de Stolz ze soen, mir kënnen deene Leit hëllefen an een Deel vun hirem Liewe sinn.

Elisabeth CORREIRA DE SOUSA : Als Malvoyante huet d'ADEM mir d’Chance ginn, fir ze beweisen, wat ech kann, andeems ech d’Responsabilitéit kritt hunn, Chef d’équipe ze sinn. D’Leit solle sech trauen, eng Kandidatur bei der ADEM ze maachen, och mat engem Handicap, well d’Direktioun diskriminéiert keen. Ech sinn dee beschte Beweis dofir.

Clémentine VERSCHOORE : À l’ADEM, il y a une forte volonté d’aller de l’avant dans l’ère du 2.0 et tous les moyens sont mobilisés pour y parvenir. Après avoir passé deux ans en tant qu’externe à l’ADEM, j’ai eu la chance de pouvoir intégrer l’équipe, ce qui me réjouit, car le travail est intéressant et les collègues très sympathiques.

Yves GOERGEN : Ech hu wierklech d'Chance, déi ganz Diversitéit vun der Lëtzebuerger Gesellschaft duerch mäin Job ze entdecken. Eng Aarbecht, déi engem vill bréngt, souwuel um mënschleche wéi och um professionellen Niveau. Mir sinn een Deel vum Liewe vu verschiddenen Demandeuren. Et ass eng immens villsäiteg Aarbecht, fir déi d'ADEM ganz ënnerschiddlech Profiller brauch: Jonker awer net nëmmen.

Amélia ADROVIC : Fir all déi Leit, déi wëllen hirem Liewen e Sënn ginn, déi Loscht hunn, ze schaffen, Saachen ze beweegen a fir den allgemengen Interêt ze schaffen, sollen op alle Fall un d’ADEM denken. D'Famill vun der ADEM ass eemoleg a bréngt och ganz vill mat. Kënnt dir iech virstellen, dass verschidde Leit mech op der Strooss einfach unhalen, a mir merci soen? Et mécht mech einfach frou, glécklech!

ADEM

GovJobs

Dernière mise à jour