Administration judiciaire

Présentation

Votre série télé préférée met en scène des juges et avocats parfois plus intéréssés par leur carrière que par ceux qu’ils défendent  ? Oubliez cette image.

Dans la vraie vie, les juristes sont des passionnés du vivre-ensemble et des idéalistes d’une une société où l’on donne raison à ceux qui sont dans leurs droits.

Rencontrez Jean-Claude, président de la Cour supérieure de justice, ainsi que Paul et Aurélie, jeunes juges à la Chambre correctionnelle et aux Affaires familiales, et finalement Lena, substitut au Parquet de Luxembourg. Leur connaissance du droit et leur désir d’avoir un impact positif sur l’ensemble de la vie des citoyens sont leurs munitions au quotidien.

 

Présentation métiers - Administration judiciaire
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Administration judiciaire

Jean-Claude WIWINIUS – Président de la Cour supérieure de justice : Ech schaffen zanter méi ewéi 40 Joer elo um Geriicht. Ech sinn also net nëmme President vum ieweschte Geriicht, mee ech sinn och den Déngschteelsten hei am Haus. Eppes, wat mech vun Ufank un beweegt huet, dat ass deene Recht ze ginn, déi och Recht hunn. An och dofir ze suergen, dass d’Justiz respektéiert gëtt, dat begeeschtert mech och nach haut ëmmer.

Paul LAMBERT – Premier juge au tribunal d’arrondissement de Luxembourg (Chambre correctionnelle) : Ech hunn en éischter klassesche Parcours. Nodeems ech mäi Lycée am Kolléisch fäerdeggemaach hunn, sinn ech ee Joer op d'uni.lu gaangen. Duerno hunn ech mäi Studium zu Stroossbuerg fäerdeggemaach. Meng alldeeglech Aarbecht als Juge op enger Chambre correctionnelle konzentréiert sech virun allem op Dossieren, déi mat Mënschenhandel ze dinn hunn, Proxenitismus, Korruptioun, sexuell Delikter, awer och Toxicomanie.

Lena KERSCH – Substitut au parquet de Luxembourg : Eng Karriär an der Administration judiciaire fänkt mat enger ganz ofwiesslungsräicher Formatioun vun engem Joer un, wou mer ënnert anerem och zu Bordeaux forméiert ginn op der ENM. Mir maachen och soss ganz vill Aktivitéiten, wéi dass mer beispillsweis Zäit am Prisong verbréngen oder mat enger Police-Patrull erausfueren, wat eis wierklech erméiglecht, d’Aarbecht an d’Leit vum Terrain kennenzeléieren.

Aurélie SUNNEN – Juge aux affaires familiales au tribunal d’arrondissement de Luxembourg : Nodeems ech eng Première C an der Täsch hat, alles ass méiglech – och mat enger C kann een herno Droit maachen – hunn ech zu Bréissel studéiert a mäin Erasmus zu Berlin gemaach, ier ech dunn op Lëtzebuerg zréckkomm sinn, fir an enger klenger Etüd als Affekotin ze schaffen. Mëttlerweil sinn ech Riichterin, wat also och beweist, dass et net nëmme méi al Leit Riichter sinn. Dat kann een sou denken, wann ee mol heiansdo Serië kuckt, mä dat ass awer an der Realitéit net de Fall.

Jean-Claude WIWINIUS : Fir hei ze schaffen, soll ee selbstverständlech säin Droit kennen an et muss een awer och – an dat ass ganz wichteg – et muss ee kënnen Decisiounen huelen. Och esouguer, wann et e komplizéierte Fall ass, soll ee keng Angscht hunn, fir ze tranchéieren, dat ass nämlech eis Aarbecht.

Eis méi jonk Kolleegen, déi kréien iwweregens ëmmer vu méi experimentéierte Riichter am Ufank vun hirer Karriär gehollef a wa mol eng Kéier hir Meenung an enger Beratung zum Beispill anescht ass, musse se kënnen acceptéieren, dass se iwwerstëmmt ginn.

Paul LAMBERT : Wann een hei schafft, muss een e bëssen en Idealist sinn. Ech denken, dass dat, wat mir hei maache wierklech Sënn mécht, well ouni eis Aarbecht géif d’Gesellschaft net esou funktionéieren. Et muss ee sech natierlech och bewosst sinn, dass een vill mat der negativer Säit vun der Gesellschaft konfrontéiert gëtt, ouni ze vergiessen, dass all Decisioun e positiven Impakt op déi aner Bierger wäert hunn.

Lena KERSCH : Als Jonke sinn ech wierklech super empfaange ginn, an et huet een direkt gespuert, dass jiddereen seng Aarbecht wierklech seriö géing huelen a sou waren och ëmmer déi eeler Kolleege ganz disponibel, fir mech vun Ufank un ze begleeden a mech op meng Missioun virzebereeden. An dat esouguer wärend de Nuetspermanencen, déi heiansdo e bësse méi mouvementéiert kënne sinn. Och do war ëmmer e Kolleeg joignable, fir mer eng Hand mat unzepaken.

Aurélie SUNNEN : Riichter an Affekot sinn zwee ganz verschidde Beruffer. Als Affekot geet et dorëms, eng Cause ze verteidegen, dat ass als Riichter net esou de Fall, do geet et méi drëms, nozelauschteren, ofzeweien an duerno eng fair Decisioun op Basis vum Gesetz ze huelen.

Justice.lu

GovJobs

Dernière mise à jour