Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale / Direction de la santé

Présentation

« Il n’est aucune chose qui vaille plus que la santé ». Intégrer le ministère de la Santé et de la Sécurité sociale ou la Direction de la santé, c’est être au cœur de l’organisation de la santé publique et des décisions qui vont modeler le système de santé de notre société d’aujourd’hui et de demain. C’est aussi faire partie d’un secteur très enrichissant et être entouré de personnes passionnées par leur métier.

Découvrez les parcours et les expériences de collaborateurs comme Murielle, médecin spécialisé en gériatrie, Gilles et Sabrina, infirmiers, Nathalie, assistante sociale, ou encore Paule, juriste.

 

Présentation métiers - Ministère de la Santé / Direction de la santé
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Ministère de la santé / Direction de la santé

Thomas DENTZER – Coordinateur attaché à la direction: Ech schaffe säit véier Joer bei der Gesondheetsdirektioun. Nodeem ech an Europa an an Amerika gefuerscht hunn, hunn ech de Wee bei de Staat fonnt, well ech mengen, datt een do kann een Impakt hunn, fir Saachen ze beweegen. Mir schaffen all Dag hei zesummen, fir d’Administratioun ze moderniséieren. Dobäi spillt natierlech d’Digitalisatioun eng ganz grouss Roll.

Murielle WEYDERT – Médecin - Division de la médecine curative et de la qualité en santé: No mengem Ofschloss als Generalist, hunn ech mech an der Geriatrie spezialiséiert. Nodeems ech 1993 als Médecin directeur vum Fleegeheem zu Veianen agestallt gi sinn, sinn ech an de Familljeministère gewiesselt. Virun 2 Joer hat ech d'Geleeënheet, zréck an d‘Gesondheetsdirektioun ze kommen. Ech wollt an der Fonction publique schaffen, well ech eppes beweege wëll an engem Gebitt, dat mir wierklech um Häerze läit: deem vun der Betreiung vun den eelere Mënschen. Ech wëll duerch meng Aarbecht Léisungen ubidden, fir deenen eelere Leit ze hëllefen, déi zum Beispill un Demenz leiden, awer och hirem enken Ëmfeld, wat sech ëm si këmmert, souwéi dem Gesondheetspersonal. Meng Aarbecht an der Administratioun erlaabt mir et och, fir d’Ëffentlechkeet zu dëser Gesondheetsthematik ze sensibiliséieren.

Gilles URTH – Infirmier auprès de l'Inspection sanitaire: Nodeems ech zéng Joer als Infirmier am OP geschafft hunn, hunn ech gemierkt, dass de Kontakt mat de Leit mer géing feelen. Ech wollt wëssen, wéi et hinne geet. Dank menger neier Aarbecht bei der Gesondheetsdirektioun hunn ech d’Gefill, op der richteger Plaz ukomm ze sinn.

Nathalie RIES – Assistante sociale: Hei um Gesondheetsministère schaffen ech ënner anerem mat un der Adaptatioun vum Cadre légal. Duerch meng Erfarungen, déi um Terrain virdrun als Assistante sociale konnt sammelen, kann ech hëllefen, Proposen ze maachen, fir dës Texter esou ze adaptéieren, datt och d’Leit um Terrain dovu profitéiere kënnen.

Paule FLIES – Juriste: Wärend mengem Droitsstudium hunn ech relativ séier gemierkt, dass ech net als Affekotin wéilt schaffen. Well ech mech op d’Mënscherechter spezialiséiert hunn an am Kader vu menger Masteraarbecht och iwwert den Zougang zu de Gesondheetsservicer geschriwwen hunn, war de Posten um Ministère hei als Jurist déi perfekt Léisung, fir dat ze maachen, wat mir och wierklech um Häerz läit.

Sabrina OLIVEIRA – Coordinatrice opérationnelle / Médecine scolaire: Éier ech bei d'Gesondheetsdirektioun komm sinn, hunn ech als Infirmière a Klinicke geschafft. Elo këmmeren ech mech ënner anerem ëm d’Gestioun vun den Ekippen déi responsabel si vum Depistage fir Wuelbefanne vun eise Kanner a Jugendlechen an de Lëtzebuerger Lycéeën, well ech et extreem wichteg fannen, dass d'Preventioun scho fréi ufänke soll.

Gilles URTH: Wärend menger Aarbecht um Terrain war ech oft mat der Inspection sanitaire a Kontakt. An doduerch hunn ech och decidéiert, bei d’Gesondheetsdirektioun ze wiesselen: Fir eng méi ofwiesslungsräich Aarbecht, virun allem awer fir dem Bierger méi kënnen ze hëllefen, andeems mir all Infektioun genau am Detail analyséieren an domadder verhënneren, dass aner Leit sech kënnen ustiechen.

Murielle WEYDERT: D'Weiderbildung, den Austausch mat Aarbechtskolleegen an déi interdisziplinär Aarbecht erlaben engem et, a senge Reflexioune weiderzekommen, wat ganz wichteg ass a Gesondheetsberäicher, déi sech séier kënne veränneren. Zousätzlech mécht och d'Diversitéit vun de Sujeten, op deenen een am Alldag schaffe kann, wéi zum Beispill siele Krankheeten, d‘mental Gesondheet oder och nach d‘palliativ Betreiung, d'Aarbecht am ëffentlechen Déngscht attraktiv.

Sabrina OLIVEIRA: Obwuel ech keen direkte Kontakt méi hunn mat de Patienten, sinn d'Organisatioun an d'Kommunikatioun extreem wichteg a mengem Job, well ech enk mat all Acteuren zesummeschaffen, déi d’Aarbecht um Terrain leeschten, wéi zum Beispill d'Infirmièren, d'Dokteren oder och d'Schouldirekteren.

Paule FLIES: Wéi ech hei ugefaangen hunn, goung meng Aarbecht drëms, punktuell Gesetzer a Reglementer unzepassen oder europäesch Direktiven ëmzesetzen. Säit der Pandemie schaffen ech ganz aktiv un de Covid-Gesetzer. Mat 28 Joer ass dat schonn eng enorm Responsabilitéit, mä de Staat gëtt eis d’Méiglechkeet, ze weisen, wat mer kënnen!

Thomas DENTZER: Fir mech ass et ganz wichteg, dass een eng Visioun huet, fir heihinner ze kommen, déi een da mat der Ekipp beschwätzt, nolauschtert, verfeinert an dann ëmsetzt. Et ass och net esou wichteg, ob een aus dem Gesondheetssecteur kënnt oder net, well mir hu ganz vill verschidde Projeten, wou mir verschidde Kompetenze brauchen. An nëmmen zesumme kënne mir déi Projeten dann och ëmsetzen an een Impakt fir de Gesondheetssecteur hunn.

Nathalie RIES: Zu Lëtzebuerg sinn déi finanziell, gesondheetlech a sozial Problemer net ganz visibel an awer ganz present. Am Kader vu verschiddene Plattformen, un deenen ech deelhuelen, kënne mer Leit, déi esou Problemer begéinen eng Hëllef ubidden an esou mierken ech och, dass meng Aarbecht e konkreeten Impakt op de Bierger kann hunn.  

Gilles URTH: Et ass keng einfach Aarbecht, mä se ass ganz interessant. Et huet ee mat ganz ville Leit ze dinn. Dofir brauch ee vill Fangerspëtzegefill, Gedold an eng gutt Dosis Empathie. All Dag ass aneschters an dat ass eppes, wat mir extreem gutt gefält!

Murielle WEYDERT: Als Dokter am ëffentlechen Déngscht ze schaffen ass eng Opportunitéit fir Leit, déi gären an enger Ekipp schaffen an déi net nëmmen de Beruff vum Dokter wëllen ausübe fir kranke Leit ze hëllefen, mä déi och prett si fir Avisen, Gesetzestexter a Projeten ze liesen an ze schreiwen. Fir et also kuerz ze maachen: Leit, déi bereet sinn, sech anzesetzen fir d'Rechter vun de Bierger.

Thomas DENTZER: Natierlech kann een direkt nom Studium bei de Staat kommen. Mee aus menger Siicht huet et mer immens gehollef, datt ech virdru schonn aner Saache gemaacht hunn an aner Saache gesinn hunn, fir verschidde Punkten a Perspektiv ze setzen. Och no véier Joer erfëllt mech meng Aarbecht nach all Dag an ech si frou, fir op de Büro ze kommen.

Sabrina OLIVEIRA: Wann ee mengt, bei der Gesondheetsdirektioun wier d’Aarbecht langweileg, dat ass definitiv falsch. Wann ech hei ukommen, weess ech meeschtens net, wat fir eng Theemen op mech duerkommen an dat mécht meng Missioun esou spannend. Ech gleewe wierklech un d'Promotioun vun der Santé publique, wat och e Beräich vu mengem Master war. An obwuel ech net direkt un de Staat geduecht hat, hunn ech hei eng ideal Plaz fonnt, fir menger Passioun nozegoen.

LE GOUVERNEMENT DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG

Ministère de la santé / Direction de la santé

GovJobs

Dernière mise à jour