Administration du cadastre et de la topographie

Présentation

L’amour du territoire luxembourgeois, c’est leur affaire.

Christophe et Danielle sont géomètre et gestionnaire de contenu pour l’administration du cadastre et de la topographie. Ils font des métiers passionnants qui les mènent à jongler avec la cartographie, la mesure des parcelles, la visualisation de données, les technologies de balayage laser du territoire, mais aussi des notions liées au juridique ou à l’administration.

Sur le terrain, Christophe collecte les géodonnées, puis les modélise et crée des visualisations. Au bureau, Danielle gère le géoportail où sont consignées les cartes géographiques thématiques, qu’elle s’assure de présenter d’une manière optimale.

À leurs côtés s’activent aussi des ingénieurs et des géographes. Ils se mettent au service des géomètres au Luxembourg et mènent les projets les plus importants à l'échelle nationale.

 

Présentation métiers : Administration du cadastre et de la topographie
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Administration du cadastre et de la topgraphie

Christophe HESS – Geometer: De Geometer erfaasst Geodonnéeën a modelléiert respektiv visualiséiert se. Et ass en digitalen Datefloss vun eiser Realitéit dobaussen an eise Computer.

Danielle HORPER – Gestionnaire de contenu: Geoportail ass d'Kaarteportal vu Lëtzebuerg. Hei fënnt ee vill thematesch Kaarten, z. B. allgemeng Kaarten a Kadasterdonnéeën. Et ginn och Donnéeë vun anere Verwaltungen, z. B. der Ëmwelt- an der Waasserverwaltung.

Christophe HESS: Am Alldag sinn ech Expert fir d’Vermoosse vu Parzellen. Moies kréien ech en Dossier. Ech fueren duerno mat menger Ekipp eraus a projezéieren d'Moossen op den Terrain. Mir schaffe mat Cuten, Satelittevermoossungen, awer och mam Tachymeter.

Danielle HORPER : Et muss ee sech stänneg weiderbilden. Mir ginn och op Konferenzen, wou nei Produite virgestallt ginn.

Christophe HESS: Mat engem Fliger maache mir Fotoen oder e Laserscan. Mir berechnen doraus eng Punktewollek an duerno Kaarte fir de Geoportail.

Danielle HORPER : Ech geréieren de Contenu vum Geoportail. Nei Themen a Beräicher beschwätzen ech mat de concernéierte Leit. Ech schaffe virun allem hei am Büro. Ech hu vill Reunioune mat anere Verwaltungen, déi eppes op de Geoportail setze wëllen.

Christophe HESS: Et huet een administrativ a juristesch Aufgaben. Plus den technesche Volet mat dem Vermoossen an de Pläng. No baussen ass een och de Mediateur. Et huet een och Management-Aufgaben an et muss ee seng Ekipp koordinéieren. Meng Aufgaben ëmfaasse 5 Voleten: administrativ, juristesch, technesch, Mediateur an d'Leedung vum Büro. Dat ass bei anere Beruffer net esou liicht ze fannen.

Danielle HORPER : Mäi Beruff ass immens ofwiesslungsräich. Et mécht Spaass a mir schaffe ganz gutt zesummen. Mir sinn eng flott, jonk an dynamesch Ekipp.

Christophe HESS: Geometere sinn um Maart gefrot. Et kann een am ëffentlechen oder am private Secteur schaffen. Béid Beräicher sinn immens villfälteg. Ech si beim Kadaster, well en d’Richtung vun de Geometeren am Land virgëtt. Hei ginn déi Projete gemaach, déi national Impakter hunn. Ech wëll mech un dëse Projete bedeelegen a si maache mir Spaass. Mir siche Leit mat engem Master als Ingenieur-Geometer, dat heescht mat Master a Geodesie. Mir brauche fir d'Carrière A2 awer och Leit, déi Geomatik, Génie civil oder Geographie studéiert hunn.

Danielle HORPER : Mir hu vill Carrièren: A1, A2, B1, C1 an D2. Et ass ganz villfälteg hei. E gudde Geograph muss polyvalent sinn. Hie muss sech a vill verschidden Themen eraschaffe kënnen. Et muss ee verschidde Bléckwénkele vun enger Saach gesinn. Et muss ee gutt kënnen analyséieren. Et schafft een hei mat Donnéeën. D'Donnéeë mussen optimal a gutt verständlech op enger Kaart duergestallt ginn.

Christophe HESS: Ech sinn zefridde mat menger Pai. Dat ass awer e schlechte Grond, fir motivéiert op d’Aarbecht ze kommen. Als Geometer sollt ee Freed un Zuelen hunn. Physik ass och wichteg. Et muss ee selbstänneg an innovativ schaffen an nei Léisunge presentéiere kënnen. Et dierf ee keng Angscht virun der Responsabilitéit hunn. D'Aarbechtssituatioun um Kadaster ass gutt. Et gëtt eng Altersstruktur – eng Pyramid, déi um Kapp steet. Esou huet ee gutt Chancen, fir eropzeklammen an och vun uewen nogelauschtert ze kréien.

Villsäiteg Aufgaben

Flott Equipe

Gutt Ambiance

GovJobs

Administration du cadastre et de la topgraphie

Dernière mise à jour