Administration de la nature et des forêts

Présentation

Dans un monde en pleine transition écologique, vous ne trouverez pas métier davantage en phase avec l’urgence du moment que celui de garde forestier ou de technicien de l’environnement.

Épris de la nature, de la faune, de la flore, les préposés de la nature et des forêts gèrent les réserves naturelles luxembourgeoises. Avocats pour la sauvegarde des splendeurs de notre environnement, ils font de la sensibilisation à la protection des écosystèmes.

Rencontrez Thierry et Carole, dont les tâches impliquent la protection de la nature – ce qui demande parfois même des qualités d’ingénieur – et la lutte contre les infractions aux lois dans les domaines de la nature, de la forêt, de la chasse, de la pêche et de la faune.

 

Présentation métiers : Administration de la nature et des forêts
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Administration de la nature et des forêts
 

Thierry HOLLERICH - Préposé de la nature et des forêts: Ech hu vu klengem u mat mengem Papp am Bësch geschafft. De Fierschter koum emol an der Schoul op Besuch. Hien huet mat eis Aktivitéite gemaach, wou mir Beem an Hecke gekuckt hunn. Säit deem Dag weess ech: „Dat ass mäin Dramberuff.“

Carole BACK - Chef de l'entité mobile: Ech beschwätze moies mat mengem Team eis Dossieren an den Dagesplang. Mir gi géint Gesetzesverstéiss an de Beräicher Natur, Bësch, Juegd, Fëscherei an Déiere vir.

Thierry HOLLERICH: De Beruff vum Fierschter ass ganz ofwiesslungsräich. Dat gefält mir. Mir këmmeren eis ëm d'Staats- a Gemengebëscher. Mir geréieren d'Naturschutzgebidder. Eis Verwaltung leet grousse Wäert op d'Sensibiliséierung. Dat ass wichteg, fir eis Ëmwelt kënnen z'erhalen. Mir hunn och eng Police-Funktioun am Naturschutz, an der Fëscherei a bei der Juegd. Ingenieursaarbechte gehéieren zum Volet Naturschutz. Mir sinn och zoustänneg, wann z. B. e Bauer eng Hal ausserhalb vun engem Duerf baut. Dat ass relativ technesch. Et muss een d'Pläng verstoen, mat iwwerleeën a gestalten. Hei ass Ingenieurswëssen néideg.

Carole BACK: De Beruff vum Fierschter ass villsäiteg an ofwiesslungsräich. Et ass keen Dag wéi deen aneren. Et ass ee vill dobaussen. Et kann ee fräi entscheeden, op den Terrain ze goen oder am Büro ze sinn. Et ginn ëmmer nei Erausfuerderungen.

Thierry HOLLERICH: Et ass d'Carrière B1 technique beim Staat, wat interessant ass.

Carole BACK: Ech hunn eng 13ème „Technicien de l'environnement“ aus der Akerbauschoul. D'Fierschter-Ausbildung ass och méiglech mat enger 1ère C oder enger 13ème „Sciences naturelles“.

Thierry HOLLERICH: Ech sinn zefridde mat menger Pai. D'Pai ass awer net de Grond, firwat ee Fierschter gëtt. Et ass einfach e super flotten Job.

Carole BACK: Frae kënnen och Fierschter ginn. Dat ass bei de Leit awer nach net ganz ukomm. Si hunn nach d'Bild vum Forthaus Falkenau. Si froen nom Fierschter, well si mengen, d'Sekretärin wier um Telefon.

Thierry HOLLERICH: E gudde Fierschter soll begeeschtert a flexibel sinn. Et ass keen Job, mä engem säi Liewen. En Hobby, deen ee kann zum Beruff maachen.

Carole BACK: Et muss een e Bezuch zur Natur hunn, gär dobausse sinn an eppes fir d'Natur maachen. Dann ass et dee richtege Beruff.

 

Vill Ofwiesslung

A Leidenschaft  

Eng interessant Carrière

Du brauchs eng 13ème oder eng 1ère

 

GovJobs

Administration de la nature et des forêts

 

 

Dernière mise à jour