Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA

Présentation

Rigueur, exactitude, sens de l’investigation, amour des chiffres et sens de la justice fiscale sont les qualités principales de l’équipe de l’administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA.

Qu’ils travaillent au service Enregistrement, comme Bob, ou au service Anti-fraude, comme Conny et Raoul, ils sont passionnés de la fiscalité et capables de traiter autant des matières nationales que des dossiers à l’échelle européenne.

Ils ont des qualités d’enquêteur, afin de déceler les fraudes avec le plus de précision possible, mais aussi de l’empathie et de la délicatesse, quand vient le temps de rencontrer les contribuables pour des contrôles fiscaux qui doivent être faits avec humanité.

 

Présentation métiers : Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA

Bob EWERT – Stagiaire B1 - Enregistrement: Ech wollt schonn ëmmer fir eng vun den Steierverwaltunge schaffen. Mir hunn der jo 3. Den Enregistrement, d'„Contributions directes“ an d'„Administration des douanes et accises“. Ech hu mech fir den Enregistrement decidéiert.

Conny FRANK – Stagiaire A2 - Service Anti-Fraude: Ech hu bei enger Fiduciaire ugefaangen, wou ech den Expert-Comptable gemaach hunn. Ech hunn hei déi eng Säit vun der Compta a vun der TVA gesinn. Hei gesinn ech déi aner Säit. Mäin Alldag ass ofwiesslungsräich.

Raoul WOLF – chef de service adjoint - Service Anti-Fraude: Ech si vill um Büro, awer och um Terrain. Mäin Alldag ass ganz verschidden. Ech behandelen national Saachen, mä och europawäit Dossieren. Ech sinn a Kontakt mat all den EU-Staaten.

Conny FRANK: Als Service Anti-fraude wëlle mir Frauden opdecken. Et ass e bësse wéi Detektivaarbecht. Mir kréien Zuelen a mussen analyséieren, ob se richteg sinn.

Bob EWERT: Et ass eng präzis an immens komplex Aarbecht.

Raoul WOLF: Bei der Digitalisatioun vun de Betriber wëlle mir modern an och um leschte Stand sinn. Beim Auswäerte vun der Comptabilitéit wëlle mir erausfannen, wie fuddelt. Dat gehéiert och zu mengen Aufgaben.

Conny FRANK: Et ginn och méi spezifesch Dossieren. Hei musse mir dann mat de Steierzueler schwätzen, an natierlech och emol op d'Plaz kucke goen, fir besser ze verstoen, wat si deklaréiert hunn.

Raoul WOLF: Et muss een op d'Leit zougoen an hinnen nolauschteren. Keen ass frou, wa mir eng Kontroll maachen.

Bob EWERT: Et mécht ee säi Bescht. Ech gesinn dat als Erausfuerderung. Ech sinn nach Stagiaire,also gehéiert d'Léieren och dozou. D'Formatioune betreffen haaptsächlech d'Verwaltung, den Enregistrement, d'TVA an d'Ierfrecht.

Raoul WOLF: Mir probéiere Saachen ze bidden, déi anerer net bidden, fir méi modern ze sinn.

Bob EWERT: Mir zeechnen eis duerch eis Gedold aus.

Raoul WOLF: Et muss een de Leit nolauschteren.

Conny FRANK: Et huet een eng gewësse Responsabilitéit an et muss een ëmmer objektiv bleiwen.

Bob EWERT: Eis Verwaltung ass eng vun de modernsten am Land. Mir maache vill Efforten, fir d'Prozesser ze informatiséieren. Dass souwuel d'Beamten mee nach méi d'Steierzueler dovunner profitéieren kënnen. Esou weess de Bierger, dass seng Demande séier a präzis traitéiert gëtt. Si ass zu all Moment bei eis novollzéibar.

Conny FRANK: D'Ambiance op de Büroen ass ganz gutt. Mir gi gutt mateneen eens. D'Zesummenaarbecht ass flott.

Bob EWERT: Et ass wichteg, dass och jonk Beamte beim Staat schaffen. Si droen zu enger konsequenter Moderniséierung bäi.

Raoul WOLF: Mir sinn ganz kloer eng gutt Verwaltung.

 

Villsäiteg Aufgaben

Eng spannend Erausfuerderung

En dynamescht Ëmfeld

 

GovJobs

Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA

Dernière mise à jour