Armée luxembourgeoise

Présentation

L’armée, c’est bien davantage que des soldats en uniforme assurant la paix sur le territoire. Ses rôles sont multiples et on y déploie son talent et son savoir sous toutes les formes. Vos compétences en informatique ou en chimie pourront tout autant vous y servir que votre sens de la discipline et de l’engagement.

Rencontrez David, Patrick, Anne, Fernand et Philippe, fiers membres de l’Armée luxembourgeoise, où ils font évoluer leurs passions.

Ils sont gardien, commandant de l’instruction, cadre de l’instruction de base, sous-officier responsable entre autres du nucléaire ou expert en cybersécurité.

Des métiers captivants, au sein d’un environnement toujours en mouvement.

 

Présentation métiers - Armée luxembourgeoise (2021)
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Lëtzebuerger Arméi

David MOND – Gardien de l’Armée: Viru 5 Joer hunn ech mech an der Arméi engagéiert, wéinst verschidde Grënn. Doheem goung et net gutt, mat der Famill goung et net besser a schoulesch war ech net grad dee Beschten. D’Arméi huet mir gehollef, eng zweet Chance ze fannen, en zweeten Wee ze goen.

Patrick SPIELMANN – Commandant de la Compagnie Instruction: Leit déi sech am Liewen e bësse verluer hunn oder ee Wiessel brauche si bei der Arméi alleguer wëllkomm, esoulaang se Disziplin hunn. Bei der Arméi kann ee gutt evoluéiere well een hei net nëmme professionell encadréiert ass, mä och um mënschlechen an um psychologeschen Niveau. Deen dee bereet ass sech e bëssen ze engagéiere ka bei eis seng 2. oder 3. Chance kréien. Ee gewëssent Vertrauen ass natierlech néideg well mer ëmmerhi mat Waffen oder an engem geféierlechen Environnement schaffen.

Anne KIESCH – Cadre de l’instruction de base: Hei gëtt keen Ënnerscheed gemaach tëscht Fraen a Männer, mir sinn all Deel vun enger Grupp a mir ginn alleguer d’Selwescht behandelt. Et  soll ee mat anere Leit gutt eens ginn, hei mécht een alles zesummen. Et muss ee prett sinn dass ee waarmt Bett oder eng waarm Dusch net ëmmer méiglech sinn, zum Beispill während enger Missioun am Ausland. Et soll ee schonn oppe sinn wann een hei wëll matmaachen.

Fernand THILL – Sous-officier Responsable CBRN (Chemical, biological, radiological and nuclear) et WWPU (Water Purification and Packaging Unit): Fir d’Arméi war ech ënnert Anerem fir d’EU am Asaz wou mer prett waren fir deployéiert ze ginn. Eng aner Missioun huet mech och an de Kosovo gefouert, wou ech zoustänneg war, fir d’Encadrement vum Peloton, oder och nach a Bosnien oder Afganistan. An deem Fall gesäit een, datt een net nëmmen hei zu Lëtzebuerg schafft, mee och am Ausland de Leit hëlleft. Eng ganz kleng Arméi ka ganz ville Leit dobaussen hëllefen!

Philippe ZOTZ - Cyber Defense Expert, Département Systèmes d’Information et de Communication: Ech sinn als Zivilist bei d’Arméi komm, nodeems ech mat mengem Studium fäerdeg war. Obwuel ech nach jonk sinn, huet d’Arméi mir eng Chance ginn well ech mech fir Cybersécherheet intresséiert hunn. D’Sécherheet vun de Leit steet a mengem Job am Mëttelpunkt, sief et dobaussen am Feld awer och doheem am eegene Reseau oder mat de Geräter vun der Arméi. Am Beräich vun der Educatioun a vum Training versiche mir eise Leit e gudde Sécherheetsniveau ze vermëttelen.

Anne KIESCH: Ech als Kader sinn do fir déi nei Rekrutten wärend der Grondausbildung ze begleeden an och ze guidéieren. Ech wollt onbedéngt eng Aarbecht déi net langweileg wier a wou ech kéint ganz vill nei Saachen a Plaze gesinn an och léieren, dat huet d’Arméi mir op alle Fall ginn.

David MOND: No menger Grondausbildung hunn ech fir d’éischt 8 Méint virum Palais an der Stad Garde gehalen. Dunn gouf ech fir bal dräi Joer am Sennenger Schlass detachéiert. Dat war fir mech ganz intressant well duerch déi Erfarungen ass den Interessi fir d’Securitéit natierlech och komm. An ech kéint mer gutt virstellen, dat nach e puer Joer weiderzemaachen.

Philippe ZOTZ: D’Arméi huet mer déi super Opportunitéit offréiert fir an de Center of Excellence vun der NATO an Estland ze goen. Do këmmeren ech mech, zesumme mat Experten aus anere Länner ëm Cyber Problemer déi an Zukunft op eis kéinten duer kommen a wéi mir eis kritesch Infrastrukture schütze kënnen. Meng Roll ass och de Responsabelen eis Recommandatiounen ze ginn awer och déi national Autoritéiten ze beroden.

Patrick SPIELMANN: Fir dass déi verschidde Compagnien richteg schaffe kënnen, muss d’Organisatioun gutt klappen, dat geet vun der Logistik iwwer d’Ausbildung bis hin zum Volet Personal. Mir sinn do fir problematesch Situatiounen oder Konflikter ze léisen, awer lauschteren engem Zaldot och no wann hien oder hatt Problemer huet.

Philippe ZOTZ: D’Arméi weist ëmmer erëm dass se méi wéi just eng Aarbechtsplaz ass, et kritt een all d’Moyene fir sech weider ze entwéckelen a fir ëmmer méi performant ze ginn.

Fernand THILL: Wann een déi néideg Motivatioun huet, da kann ee alles erreechen bei der Arméi. Entweeder et eegent ee sech déi Saache selwer un oder et gëtt een op déi néideg Formatioune geschéckt, fir seng Aarbecht bei der Arméi ze maachen.

Anne KIESCH: Ech ka mech nach ganz genee drun erënneren, wéi ech mengen Eltere gesot hunn, bei d’Arméi ze goen, dat war déi bescht Entscheedung déi ech a mengem Liewen geholl hunn. An ech soen et nach eng Kéier: ech hunn et ni bereit, mech hei ze engagéieren.

LËTZEBUERGER ARMÉI

GovJobs

Dernière mise à jour