Inspection du travail et des mines

Présentation

Quiconque a déjà bénéficié de l’intervention d’un inspecteur du travail pour régler un problème sur le lieu de travail sait qu’ils font des petits miracles dans la vie des travailleurs au quotidien.

Ça a été le cas de Kevin lors d’une expérience antérieure.

Aujourd’hui, ce chargé de gestion à l’ITM côtoie au quotidien des inspecteurs comme Yves et Manon, dont le travail est de s’assurer que le droit du travail est respecté et que les contrevenants sont sanctionnés. Avec leurs collègues juristes ou ingénieurs, ils naviguent aussi bien dans les nuances du code du travail luxembourgeois que dans les normes de sécurité applicables au secteur des mines. Il y a aussi de nombreux emplois administratifs au sein du service.

 

Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Inspection du travail et des mines
 

Kevin VIKTOR - Chargé de gestion Stagiaire: Bei „Staatsbeamten“ mengt een ëmmer, et wier en administrative Bürosjob. Bei mir ass dat net de Fall.

Yves GODEFROID - Inspecteur principal du travail: Ech wollt bei d'ITM schaffe kommen. Virdru war ech bei engem Privatpatron. Dat ass dunn schif ausgaangen, well hie mech net bezuele wollt. Ech krut de Rot, mir bei der ITM Hëllef ze froen. Deen Aarbechtsinspekter huet mir gutt gehollef a mech beandrockt mat der Aart a Weis, wéi hien dat geléist huet, sou dass ech bei keng aner Verwaltung wollt goen. Wéinst där Anekdot do wousst ech genee, dass ech Aarbechtsinspekter wéillt ginn.

Manon MARIUS - Inspecteur principal du travail: Eisen Job ass z’iwwerpréiwen, ob den Droit du travail agehale gëtt. Wann eppes net klappt, musse mir agräifen an och bestrofen. Iwwer den Helpzenter berode mir d'Leit vun engem neutrale Standpunkt hier.

Yves GODEFROID: Et ass e gudde Mix tëschent Aarbecht um Terrain an am Büro. Ech schreiwe Rapporten, Amenden, Injonctiounen asw. Dobaussen huet ee Kontakt mat de Leit.

Kevin VIKTOR: Bei der ITM ginn et vill verschidde Beruffer: zum Beispill Ingenieur oder och Jurist, deen natierlech vill mam Droit de travail ze dinn huet. Mir hunn och vill administrativ Jobben an et kann een dat uwenden, wat ee geléiert huet.

Yves GODEFROID: D'Aarbechtswelt evoluéiert immens séier mat Changementer a Problemer bei den Aarbechtskonditiounen. Weiderbildunge sinn dofir wichteg parallel zu der Aarbechtswelt.

Zohra BOUADMA - Employée: Déi éischt Formatioun betrëfft d'Soft Skills, duerno den Droit du travail an d'Beräicher Sécherheet a Gesondheet. Et muss ee Formatioune maachen, fir an der Carrière weiderzekommen.

Manon MARIUS: Ech sinn eréischt 5 Joer hei, mä ech gesinn, dass de Wee an déi richteg Richtung geet. Mir hu vill motivéiert Leit hunn, déi net nëmme fir déi gutt Pai an déi gutt Aarbechtszäite beim Staat sinn.

Kevin VIKTOR: Wéinst de komplexe Projete gëtt bei der ITM vill verlaangt. Et muss ee sech upassen a mat de Leit eng Léisung fanne kënnen. Heiansdo muss een och Kompromësser agoen.

Yves GODEFROID: Eng gutt Pai ass natierlech och wichteg. Doduerch ass d'Liewe méi komfortabel, mä dat war net meng Haaptmotivatioun. Ech wollt eng Aarbecht, wou ech de Leit hëllefe kann.

 

Vill Ofwiesslung

Eng interessant Carrière

Eng grouss Erausfuerderung

 

GovJobs

Inspection du travail et des mines

Dernière mise à jour