La fonction publique – GovJobs
STELLT ÄR TALENTER AN DEN DÉNGSCHT VUN DE BIERGER!
GOVJOBS
De Rekrutéierungskanal vum Lëtzebuerger Staat
www.govjobs.lu
- Rekrutéierungsprozeduren
- Job-Offeren
- Artikelen a Videoen, fir eis Beruffer ze entdecken
- Informatiounen iwwert de Staatsexamen
- Newsletteren
- Stagen an Jobs fir Schüler a Studenten
EIST ZIL?
IECH HËLLEFEN, ÄR TALENTER ZE ENTFALEN!
EN EENZEGAARTEGEN EMPLOYEUR ZU LËTZEBUERG
An der Fonction publique, déi aus Ministèren a Verwaltunge besteet, sinn iwwer 36.000 Agente (Stand: Ufangs 2024) beschäftegt, déi Dag fir Dag duerfir suergen, datt d’Land funktionéiere kann, an datt de Bierger hiert Liewe méi einfach gëtt.
VILLFÄLTEG BERUFFER
D’Villfalt vun eise Profillen an eise Beruffer gehéiert zu eise Stäerkten! Beruffer, déi sech stänneg entwéckelen, fir beschtméiglech op d’Besoine vun der Gesellschaft anzegoen a fir jidderengem säin Alldag méi liicht ze maachen. Mir setzen eis all Dag an, fir d’Déngschtleeschtungen, déi d’Bevëlkerung gebuede kritt, ze verbesseren oder fir se weider ze digitaliséieren.
SECH MAM LAND BEWEEGEN
Zur sozialer, kultureller a wirtschaftlecher Entwécklung vun engem Land bäidroen, dat sech stänneg verännert, dat ass eng eenzegaarteg Aufgab! Verschiddener sinn direkt no der Schoul an den ëffentlechen Déngscht gaangen, anerer réischt am Laf vun hirer Carrière. Awer all hu si ee gemeinsaamt Zil: d’Gesellschaft weiderbréngen an d’Bezéiungen tëscht dem Staat an de Bierger nei erfannen.
„Mir hunn d’Chance, u Projete vu groussem Ausmooss ze schaffen, déi verlaangen, datt eng ganz Rei verschidde Beruffer zesummeschaffen. Et ass och eng Freed, dagdeeglech ze gesinn, wéi dat, wat mir maachen, konkret gëtt.“
Pierre - Chef de service vu MyGuichet.lu beim Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (Centre des technologies de l’information de l’État)
„Mir strengen eis zesummen un, fir eppes weiderzebréngen, dat en Eenzelnen net kann hikréien.“
Lisa - Commissaire divisionnaire a Cheffe de projet bei der Police Lëtzebuerg
BEDEELEGT IECH UM WANDEL!
Andeems si am Déngscht vun der Allgemengheet schaffen, iwwerhuelen eis Agenten hir Aufgab an der Gesellschaft a gläichzäiteg verwierkleche si sech selwer. Ënnert hinne ginn et gebueren Ingenieuren. Anerer sinn zanter hirer Kandheet frou mat der Natur oder mat Sproochen. Nach anerer wollte schonn ëmmer Polizist ginn. Bei eis fannt Dir eng Plaz, wou Dir Ärer Leidenschaft nogoen an Är Talenter an engems sënnvoll asetze kënnt.
„Et muss ee fäeg sinn, sech u verschiddenaarteg Ëmstänn an Erausfuerderungen unzepassen. An da gëtt et nach deen erweiderten Ëmweltkontext. Dat ass eng richteg Erausfuerderung, déi een all Dag muss unhuelen.“
Daniel - Inspekter bei der Unité Contrôles et inspection vun der Ëmweltverwaltung (Administration de l’environnement)
„Et gëtt ni langweileg. Et gi villfälteg Techniken ze entdecken. D’Theorie an d’Praxis vermësche sech andauernd.“
Michel - Expert fir Loftfaart bei der Fluchsécherungsverwaltung (Administration de la navigation aérienne)
EISEN ENGAGEMENT ALS ÄNTWERT OP ÄREN
Déi berufflech Entwécklung an d’Zefriddenheet vun eisen Agenten, dat sinn eis Prioritéiten! Mir bidde ganz villfälteg Formatioune grad ewéi intern Mobilitéitsméiglechkeeten, duerch déi jidderee seng Kompetenzen erweideren a säi beruffleche Projet verwierkleche kann. Bei all Etapp vun Ärem Wee ginn Är Ambitioune gefërdert a wäertgeschätzt.
„Ech war sécher, datt ech wollt mat Leit schaffen. Dee Kontakt gefält mer! Ech hoffen, datt et ëmmer méi Leit ginn, déi sech fir d’Beruffer vun den Hëllefsleeschtungen intresséieren an dës am ëffentlechen Déngscht ausübe wëllen. Dat bréngt engem wierklech ganz vill!“
Marina - Orthophonistin am Zenter fir Logopedie (Centre de logopédie)
„D’Méiglechkeet, sech weiderzebilden, weiderzekommen a sech ze perfektionéieren, ass iwweregens eng vun den Ursaachen, firwat ech elo, no 24 Joer, nach ëmmer begeeschtert sinn, am ëffentlechen Déngscht ze schaffen.“
Tasso - Chef vun der Sektioun Guidance et allocations beim Nationale Büro fir Opnam (Office national de l’accueil)
HEEFEG FROEN
MUSS EEN DÉI DRÄI AMTSSPROOCHE KËNNEN?
Déi dräi Amtssprooche si Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. De perfekte Gebrauch vun dësen dräi Sproochen ass keen absolutte Krittär, fir am ëffentlechen Déngscht ze schaffen, obwuel et wichteg ass, se an engem gewëssene Mooss ze beherrschen. Ausserdeem kënnen et verschidden Ausname fir héich spezialiséiert Profiller ginn, a Sproochentester sinn och net ëmmer noutwenneg.
Et ass awer wichteg, ze bemierken, datt fir verschidde Posten eng absolut perfekt Maîtrise vun deenen dräi Sprooche verlaangt gëtt, och schrëftlech. Meeschtens handelt et sech hei ëm Beruffer, an deenen den Agent mat de Bierger am direkte Kontakt ass
„Ech hu mech laang net getraut, mech op Plaze beim Staat ze mellen, well ech fonnt hunn, mäi Lëtzebuergesch wär net gutt genuch, a well ech net genuch Übung am Däitschen hat.“
Virginie – Kommunikatiounsexpertin beim Zentrum fir Personalverwaltung an Organisatioun vum Staat (Centre du personnel et de l’organisation de l’État)
MUSS ECH LËTZEBUERGER ODER RESIDENT SINN, FIR AM ËFFENTLECHEN DÉNGSCHT ZE SCHAFFEN?
Déi meescht Poste kënne vu Bierger aus Staate vun der Europäescher Unioun besat ginn (onofhängeg vun hirem Wunnsëtz), mat Ausnam vu verschidde Secteure wéi d’Magistratur, d’Police oder d’Arméi, also Posten, déi zum Ausübe vun der Staatsgewalt gehéieren. Dat gëllt och fir d’Posten an de Ministèren, déi nëmmen ausnamsweis vun Net-Lëtzebuerger besat ginn, wann et net méiglech war, e Kandidat mat der Lëtzebuerger Nationalitéit anzestellen.
„Ech hat gemengt, datt ech, well ech net Lëtzebuergerin sinn, net kéint an der Fonction publique schaffen. Encouragéiert gouf ech vu fréiere Kolleegen, déi selwer vun der Privatwirtschaft an den ëffentlechen Déngscht gewiesselt waren. Si hu mer verséchert, datt mäi Profil géif passen. A schliisslech hunn ech mech getraut, mech ze mellen.“
Peggy – Cheffe de service CC SI Recrutement et développement RH beim Zentrum fir Personalverwaltung an Organisatioun vum Staat (Centre du personnel et de l’organisation de l’État)
OP DER SICH NO SPEZIALISÉIERTEN A MOTIVÉIERTE MATAARBECHTER
Fir all eis Aufgaben am ëffentlechen Déngscht erfëllen ze kënnen, siche mir spezialiséiert a motivéiert Personal a sämtleche Beräicher.
Mir sinn op der Sich no ganz engagéierten, integeren, qualifizéierten a spezialiséierten Agenten, déi bereet sinn, sech anzesetzen, fir den ëffentlechen Déngscht an d’Zukunft ze féieren.
GËTT ET ENG ALTERSLIMITE, FIR SECH BEIM STAAT ZE MELLEN?
Neen, den Alter ass keng Barrière, fir agestallt ze ginn. Mat der Zäit huet Lëtzebuerg fir d’Astellungen am ëffentlechen Déngscht sämtlech Restriktiounen opgehuewen, déi eppes mam Alter ze dinn haten. Erfuere Profiller si fir d’Verwaltunge souguer ganz interessant.
Mat der berufflecher Erfarung, déi virum Antrëtt an den ëffentlechen Déngscht gesammelt gouf, ass et och méiglech, d’Dauer vum Stage ëm bis zu engem Joer ze verkierzen. D’Erfarung gëtt och beim Festleeë vun der Pai vum Agent um Enn vum Stage ugerechent.
„Ech si mat 37 Joer an den ëffentlechen Déngscht komm, nodeems ech am Event-Beräich geschafft hat, awer och a verschidde Funktiounen am Beräich vun der Kommunikatioun. Déi Erfarung war méi wéi hëllefräich, an haut profitéieren ech op menger aktueller Plaz beim Staat nach ëmmer dovun.“
Philippe – Kommunikatiounsexpert beim Zentrum fir Personalverwaltung an Organisatioun vum Staat (Centre du personnel et de l’organisation de l’État)
WAT ASS DEN ËNNERSCHEED TËSCHT ENGEM FONCTIONAIRE AN ENGEM EMPLOYÉ BEIM STAAT?
Fir Fonctionnairen an Employéë ginn et Ënnerscheeder bei den Astellungsprozeduren. Employéë kënne sech op GovJobs direkt op déi ausgeschriwwe Plaze mellen, ouni fir d’éischt d’Épreuve d’aptitude générale (EAG) ze maachen.
Gutt ze wëssen
Wann Dir d’Épreuve d’aptitude générale gepackt hutt, kënnt Dir Iech duerno och fir follgend Examen umellen
- de Gemengenexamen (Examen d’admissibilité du secteur communal),
- de Policeexamen (Épreuve spéciale de la Police), oder
- de CGDIS-Examen (Épreuve spéciale du CGDIS).
D’Arméi, den Enseignement, d’Magistratur an de Corps diplomatique organiséieren och reegelméisseg Opnamexamen, déi un hir Beruffer ugepasst sinn.
WEIDER INFORMATIOUNE FANNT DIR OP
WWW.GOVJOBS.LU
DIR FANNT EIS OCH OP DE SOZIALE MEDIEN
@GOVJOBS.LU
ENTDECKT EIS BROCHURE OCH AN ANERE SPROOCHEN:
Centre de gestion du personnel et de l’organisation de l’État
10, Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg
Tel.: (+352) 247-83200